mozilla.org
Lux-Mozilla
 Dateien
 Memberen
 Sponsoring
The Mozilla
Organization

 At A Glance
 Feedback
 Get Involved
 Newsgroups
 License Terms
 Newsbot

Developer Docs
 Roadmap
 Projects
 Ports
 Module Owners
 Hacking
 Get the Source
 Build It

Testing
 Download
 Report A Bug
 Bugzilla
 Bug Writing

Tools
 View Source
 Tree Status
 New Checkins
 Submit A Bug

FAQ
Search

Dateien:

luxmozilla-1.4beta.xpi572.1 kb30.07.2006 Lueden
luxmozilla-1.7beta.xpi527.1 kb30.07.2006 Lueden
luxmozilla-1.3.1beta.xpi544.7 kb30.07.2006 Lueden

Informatioun:
All dës Dateien funktionéieren nëmmen op deenen jeweilegen Mozilla Versiounen. Dateien mat "beta" am Numm sin nach net ganz fäerdeg iwwersaat. Trotzdem wieren mir frou, wann Dir och déi Dateien géift probéieren, an ons eventuell schlecht oder falsch iwwersaaten Deeler mellen.
Beispill: Dir notzt den Mozilla 1.3, dann braucht Dir folgend Datei: luxmozilla-1.3beta.xpi

All dës Dateien sollten souwuel op Windows wei och op Linux an MacOS X funktionéieren. Fir Linux an MacOS X wieren mir awer frou, daat vun den eventuelle Benotzer bestätegt ze kréien.

Installatioun:
Fir déi eigentlech Installatioun vum Sproochepack geet et duer, iwwert "File/Open File..." déi Datei vum Sproochepack (z.B. luxmozilla-1. 3beta.xpi) ze wielen, an den Uweisungen ze befolgen. As d'Installatioun fäerdeg, muss Dir den Mozilla (inkl. Quickstart) nei starten an dann kennt Dir déi nei Sprooch wielen. Fir eng Sprooch am Mozilla ze wielen, gidd op "Edit/Preferences.. ./Appearence/Languages/Content". Hei hudd Dir eng Lëscht vun allen installéierten Sproochen. Ëmmer wann Dir hei eng aaner Sprooch wielt, muss Dir duerno den Mozilla nei starten (an och ggf. den Quickstart zoumachen). Wann Dir eng nei Versioun vun engem Sproochepack wëllt installéieren, muss Dir als éischt eng aaner Sprooch wielen, wéi déi, déi Dir wëllt aktualiséieren.

Wéinst dem Fehler 142623 kann et sin, dass no der Installatioun kaum eppes iwwersaat erschéngt. As daat de Fall, dann wiesselt nees zeréck op eng aner Sprooch, start de Mozilla nei, dann déinstalléiert de Lux-Mozilla (do wou dir och t'Sprooche wiesselt), an sicht op Ärem Harddisk no der Datei "XUL.mfl" an läscht dës. Dono kennt Dir de Lux-Mozilla ganz normal installéieren. Dëse Problem misst an nächster Zukunft geléist gin.

Cashfiesta.com

Seit dem 10. August 2002 goufen Säiten opgeruff.