Status:
28.06.2004 | | No langer Zait ouni nei Versioun gëtt et elo nees eppes neies hei um Site. Lued de Sproochepack fir de Mozilla 1.7 elo, soulaang en nach warm as. Aus Platzgrënn hun leider puer aal Versiounen mussen verschwannen. Merci awer alle Leit dei dës Fichier'en emmer probéiert hun.
|
|
12.04.2004 | | Fir all déi Leit, déi schon Angscht haaten, dëse Projet géing net mei bestoën, déi kann ech hei berouegen. Aus privaten Grënn goung et a läschter Zait net sou gudd weider. Daat wärd sech awer elo nees änneren. Eng nei Versioun wärt demnächst hei veröffentlecht gin.
|
|
19.07.2003 | | Mat bëssen Verspeidung as awer elo e Sproochepack fir den neie Mozilla 1.4 färdeg.
|
|
11.06.2003 | | Mat vill Verspeidung hun mir elo awer nach e Sproochepack fir de Mozilla 1.3.1 erstallt, och wann et drop an drun as dass de Mozilla 1.4 raus kennt.
|
|
|
|
| |
Mozilla?
|
Mozilla as en Open-Source Web Browser deen haaptsächlech fir Web-
Entwéckler geschriwwen gouf an op deen eng ganz Rei aner kommerziell
Browser opbauen. Als Beispill sief hei den Netscape an den Versiounen
6.x an 7.x genannt. Dank senger Vitesse, Stabilitéit an Standartkonformitéit
gëtt den Mozilla awer och ëmmer méi oft vun den Endnotzer agesat.
Mozilla as KENG fäerdeg Software mee gëtt ëmmer weider entwëckelt.
All Notzer as opgeruff un der Entwécklung Deel ze huelen, souwäit
et an sengen Méigelegkeeten steet. Weider Informatiounen zu dësem
Thema fannt Dir op mozilla.org.
|
|
|
|
Lux-Mozilla?
Den Lux-Mozilla Projet befasst sech mat der Iwwersetzung vum Mozilla
an déi lëtzerbuergesch Sprooch. Eng komplett Lëscht vun allen offiziellen
Iwwersetzungsprojet'en an aner Sproochen fannt Dir beim "Mozilla Localization Project"
. Och Lux-Mozilla as en Projet deen op Hëllef
vun sengen Benotzer ugewisen as. Aus dësem Grond wäre mir frou, wann
Dir ons all Virschléi, Uregungen, Froën oder Bemierkungen géingt
mailen.
Sou gesäit de Mozilla op lëtzebuergesch aus:
[Bild]
|
|
|
|
|